An d’Lëtzebuergëscht iwwersat an adaptéiert vum Noémie Leer
Am Fong wollt d’Sophie just nëmme schnell mol eng Wunneng ausraumen. Et stellt sech awer eraus, dass d’Wunneng dem Pol, engem jonke Medezin-Student gehéiert, dee Jänni a Männi säi Schlëssel iwwerlooss huet.
Natierlech dauchen déi alleguerte genau zu deem onglécklechen Zäitpunkt op an et kënnt zu enger Hellewull Mëssverständnesser, Ligegeschichten a Verwiesslunge bis dat d’Sophie den Duerchbléck verluer huet, an sou den Zuschauer mat op eng lëschteg a spannend Aventure hëlt, wou nawell d’Laachmuskelen uerg strapazéiert ginn.
Muss dee Pol dann och jidderengem e Schlëssel ginn? Et hätt sou einfach kënne si fir eist Sophie.
Nieft dem Theater spillen an den geleegentlechen Ausflich, déi mir zesummen als Veräin ënnerhuelen, maachen mir och all Joer een Don (oder zwee Don’en) un Associatiounen déi virun allem eppes am sozialen Beräich maachen.
Des Kéier hu mir eng Kéier d’ASBL Île aux Clowns an d’ASBL Wonschkutsch erausgesicht.
Béid ASBL’en hunn et sech zum Zil gemaach Menschen, deenen et net gutt geet, eng Freed ze maachen an hinnen ee Laachen ze schenken.
Mir sinn als Veräin immens dankbar dass et esou Associatiounen zu Lëtzebuerg gëtt an wollten hier Aarbecht mat eisen Don’en ënnerstëtzen.
D’Gemeng Ettelbréck huet ee flotten Reportage iwwert d’Theaterkultur zu Ettelbréck realiséiert! Do duerften mir als laangjäregen lokalen Theaterveräin natierlech net feelen! Wärend eiser Theatersaison am Hierscht 2022/23 huet den concernéierten Service vun der Gemeng eis doropshin bei eisen Preparatiounen an Virstellungsowender begleet an dobäi mat eisem Grënnungsmember an laangjärege Präsident vum Veräin, dem Gast Werner, iwwert d’Entstoen an d’Entwécklung vun eisem Veräin geschwat.
Ee grousse Merci der Gemeng fir des Initiative an déi Visibilitéit déi mir doduerch als Veräin kréien!