Theaterclub Ettelbréck
  • D’Gesetz vum Massaker

    ‘Le dieu du carnage’ vum Yasmina Reza, uropgefouert zu Lëtzebuerg

     

    Stellt Eech vir, Aere Bouf hätt vun engem Schoulkomrod d’Zenn ageschloe kritt, an deem seng Elteren stellen sech lo bei Iech doheem de Batti. Dat ass fir ën Hamster ze kréien!

    An dobéi ginn ët vill méi sérieux Problemer: Wat ass di richteg d’Toilette-Chasse, a wéi schmaacht Clafoutis am beschten?

    Mee wann d’Gewalt bis eskaléiert ass, muss een duerno d’Bicher mam Fön drëchnen.

    E Wénkelaffekot mat sénger extrovertéierter besserer Halschent an eng sozialkritésch Schrëftstellerin mat hierem Klenscheverkeefer weisen Iech, wéi ët hannert de Wuelstandsmasken ausgeséit.


© Copyright 2015 Rido-op asbl