Theaterclub Ettelbréck

  • Dräi mol Liewen

    e Stéck vum Yasmina Reza,
    iwwersat vum Joé Heintzen

     

    „DRÄI MOL LIEWEN“ weist eis eent op eng klassesch Grondsituatioun reduzéiert Stéck fir 4 Persounen.

    Zwou Koppelen, d’Männer sinn Astrophysiker, d’Fraen Akademiker, ënnerhalen sech iwwert galaktesch Halo’en (sinn déi Dénger ronn oder flaach), iwwert d’Makulatur vun enger dräijäreger Fuerschungsaarbecht, an diskutéieren parallel kontradiktoresch iwwert d’Erzéiung vun engem 6jäerege Bouf (däerf deen nach en hallwen Apel kréien, nodeems en owes d’Zänn gewäsch huet). Et entstinn ëmmer erëm Streidereien, an et kënnt zu verschiddene Koalitiounen a Konstellatiounen tëscht den zwou Koppelen, wat mer op der Bün an dräi verschiddene Versiounen (Originaltitel „Trois versions de la vie“) gewise kréien.

    Pointéiert Dialoger voll mat béisem Witz, voller Aktioun an trotzdeem psychologesch déifgrënneg, weist dëst zäitloost an zugläich modernt Stéck de Konschtcharakter vum Theater, wiesselt permanent tëscht Eescht a Banalitéit.


© Copyright 2015 Rido-op asbl