Theaterclub Ettelbréck
  •  

    Les belles-soeurs

     

    e Stéck vum Eric Assous,
    iwwersat an adaptéiert vum René Engel

     

    De Francky, matt senger Fra Nicole, huet seng zwee Bridder an hir Fraen a säin neit Haus um Land invitéiert, wou si kierzlech ra geplënnert sinn. Seng Fra huet d’Initiative geholl och Talia, d’Sekretärin vum Francky, ze invitéieren. Domadder schéngen déi dräi Bridder awer an d’Labrenten ze kommen, well iergendwéi jiddereen d‘Talia kennt an awer och erëm net, mol méi oder manner, a si verstrécke sech an onkloeren a widdersprechlech Aussoen. Déi dräi Schwéieschen, all komplett verschidden vum Charakter, sinn doduerch konfrontéiert matt Jalousie a Mësstrauen, an verdächtegen hir Männer eppes ze verheemlechen.

    Sou kënnt et zu engem spannenden an amüsanten Owend, gefëllt mat Ligen, Onsécherheeten, Rivalitéiten, wou jidderee probéiert dat Bescht aus senger Situatioun ze maachen.

    Eng franséisch Comédie, déi en Abléck hannert  Fassaden vun enger Famill gëtt. Voll mat Klischeeën, Witz a Subtilitéiten, wou e sech als Spectateur och erëmfanne kann.



© Copyright 2015 Rido-op asbl