Theaterclub Ettelbréck
  • De Rido Op beim 100,7

    [sc_embed_player_template1 fileurl=”http://rido-op.lu/wp-content/uploads/2015/11/IVS_17_11_13.mp3|http://rido-op.lu/wp-content/uploads/2015/11/IVS_17_11_13.ogg”]
  • De Virnumm

    vum Matthieu Delaporte an Alexandre de La Patellière
    op Lëtzebuergësch iwersat vum Marthy Thull

    Et huet ee kee Choix, ‘t ass eben sou…… Fir dohinner ze kommen, muss een e richtege Kräitzwee op sech huelen. D’éischt duerch d’Rue St. Georges. Den hellege Georges ass béiss massakréiert ginn wéi d’Chrëschten verfollegt goufen. Gesengt, gesolpert a geriedert, awer dat huet hien alles iwwerliewt, wéi duerch e Wonner, éier si himm de Kapp rofgehan hunn…… da fiert ee lénks duerch d’Rue des Martyres, ‘t ass keng Seechen, ….. dann duerch d’rue Hippolyte Lebas, en Architekt den 31. Mäerz 1782 zu Paräis gebuer gouf an dee spezialiséiert war op Prisongen a Folterkelleren…….
    Deen een oder aneren géif doranner e schlecht Zeeche gesinn a séier rëmm d’Kéier maachen. Mee dat wär e Feeler. Well da géingen se, ënnen um Enn vum Wee, déi kleng verstoppte Sakgaass net fannen, wou ganz hannen eng schéi roud lackéiert Dir ass, déi och schon wéinst dem Alter gelidden huet.
    Si géingen och net déi kleng Trap rop bis op de fënnefte Stack klammen, a sech d’Schong net um Päerdshoerteppech botzen, deen aus enger Türkeivakanz mattbruecht gouf. A si géingen den Owend am Familjekrees verpassen, deen lo ugeet, an zwar genau lo…… an hei. Den Erzieler


© Copyright 2015 Rido-op asbl