-
Dem Pol seng Schlësselen
E Kaméidi-Stéck an 2 Akten vum François Scharre
An d’Lëtzebuergëscht iwwersat an adaptéiert vum Noémie Leer
Am Fong wollt d’Sophie just nëmme schnell mol eng Wunneng ausraumen. Et stellt sech awer eraus, dass d’Wunneng dem Pol, engem jonke Medezin-Student gehéiert, dee Jänni a Männi säi Schlëssel iwwerlooss huet.
Natierlech dauchen déi alleguerte genau zu deem onglécklechen Zäitpunkt op an et kënnt zu enger Hellewull Mëssverständnesser, Ligegeschichten a Verwiesslunge bis dat d’Sophie den Duerchbléck verluer huet, an sou den Zuschauer mat op eng lëschteg a spannend Aventure hëlt, wou nawell d’Laachmuskelen uerg strapazéiert ginn.
Muss dee Pol dann och jidderengem e Schlëssel ginn? Et hätt sou einfach kënne si fir eist Sophie. -
Mir spillen :
17. November 2023SOLD OUT18. November 2023SOLD OUT30. November 2023SOLD OUT01. Dezember 2023SOLD OUT02. Dezember 2023 – 20:00 Auer
-
Wou :
-
Reservatiounen :
Via Telefon/ oder Whatsapp/SMS:
+352 691 849 398Präisser :
Entrée: 18€
Studenten: 10€