Theaterclub Ettelbréck
  • Plakat E Lach am Himmel
  • E Lach am Himmel

    e Stéck vum Willem Bouter,
    iwwersat vum Joé Heintzen

     

    E LACH AM HIMMEL
    Zwee Deeg viru Chrëschtdag gëtt dem Theophile Mack seng Fra an d’Clinique ageliwwert. Den Theophile, e mëttelméisseg talentéierte Moler, gëtt eleng net eens doheem, fänkt an der Nuecht onmoosseg mat Saufen un, a fiert den Dag drop vun der Stad a säin Heemechtsduerf Brouch, wou hien als Bouf huet misste fort, a wou hie scho 40 Joer net méi war.
    Mee hie kennt sech net méi erëm, aus sengem Heemechtshaus ass eng Frittebud ginn, dat ganzt Duerf ass kal an däischter, d’Leit bereeden sech op Chrëschtdag vir. Zréck an d’Stad kann en och net, et geet keen Zuch méi.
    A senger Verzweiwlung wëllt en an d’Kierch goen, fir net an der Keelt ze sinn. Mee d’Kierch ass zou. Do geet e bäi de Paschtouer, schellt sou laang, bis dat en opgemaach kritt.
    D’Haushältesch wëll hien zwar net era loossen, sou kuerz virun Hellegowend passt dat net sou richteg, mee de Paschtouer heescht dee frieme Mann wëllkomm.

Bäi engem aussergewéinleche Gespréich kommen déi komplett verschidde Männer sech méi no a fänken un, sech géigesäiteg ze respektéieren. Et kënnt zu enger spontaner Frëndschaft, déi eis an eng aussergewéinlech Chrëschtdagsfeier féiert.

 

© Copyright 2015 Rido-op asbl