Theaterclub Ettelbréck

  • Eis Männer

    e Stéck vum Werner Schwaab | Die Präsidentinnen,
    iwersaat an adaptéiert vum Joe Heintzen

     

    D’Geschicht spillt 30 Joer nom Zweete Weltkrich an engem fiktive Land mat fiktive Protagonisten, nëmmen d’Aktrissen op der Bühn si reell.

    Wourëms et geet: D’Äerd ass eng Scheif, d’Sonn geet op an ënner well se sech ronderëm d’Äerd dréit. Alles ass Distraktioun, näischt ergëtt e Sënn.

     

     

    Op der Bühn: Liette Engel, Myreille Plumer, Fabienne Schaack
    Technik: Gérard Schockmel
    Mask: Carole Spinelli
    Assistenz: Pitti Feyder
    Produktioun a Regie: Joe Heintzen


  • Plakat Eis Maenner

Op der Bühn erliewe mer 3 Fraen:
D’Erna ass spuersam, huet eng kleng Pensioun, eng Occasiouns-Televisioun an eng Plaz fir Enkelkanner
Erna
d’Kett ass Witfra, huet och eng kleng Pensioun, e Mupp an e Vullenhaus op der Fënster
Kett
d’Marichen war zu Lourdes, zu Fatima an zwielef mol an der Oktav, benotzt keng Händschen
Marichen

 

© Copyright 2015 Rido-op asbl