Theaterclub Ettelbréck
  • Plakat - Diner de cons
    Flyer - Le diner de cons

  • Le dîner de cons
    Eng Comédie an 2 Akten vum Francis Veber

    an d’Lëtzebuergëscht iwwersat vum Renée Schill a Guy Voncken

     

    De Mëttwoch ass fir de Pierre a seng Kolleegen den Dag fir hiren Idiotendiner. De Prinzip ass einfach: Jidderee bréngt en Idiot mat, an deen, deen de gréissten Hännes matbréngt, huet gewonnen.

    Dëse Mëttwoch ass de Pierre sech senger Saach ganz sécher. Hien huet de Champion vun den Toperten, de Weltmeeschter vum Dabo-Sinn, den Hännes vun den Hännessen: den Albert Becker, Comptabel um Steieramt a begeeschterte Konstrukteur vu Maquetten aus Fixspéin.

    De Pierre huet säin Idiot bei sech heem invitéiert, fir en ze testen. Dono sollte si dann op den Diner goen, awer en Akzident an der Dusch mëscht dem Pierre e Stréch duerch d’Rechnung. Duerch en Hexeschoss muss en am leschten Ablack säin Dîner ofsoen. De Becker ass awer schonn ënnerwee, de Pierre konnt en net méi ofbestellen.

    Wat mat engem Hexeschoss als klenge Malheur ufänkt, entwéckelt sech zu enger Katastroph …


  • Mir spillen :


    07. Januar 2023 – 20:00 Auer
    — Sold Out —
    08. Januar 2023 – 15:00 Auer
    — Sold Out —



  • Wou :





  • Reservatiounen :


     

    iwer telefon/SMS: +352 691 849 398

© Copyright 2015 Rido-op asbl