Theaterclub Ettelbréck
  •  


  • Loosst eis fléien
    En Ticket fir e perséinleche Fliger

    e Stéck vum Lev Kazarmosvkis,
    an d’Lëtzebuergëscht iwwersat vum Marthy Thull a vum René Engel

     

    E Fluchhafen ass e representative Queeschschnëtt vun der Gesellschaft. Hei komme ganz ënnerschiddlech Leit zesummen, déi sech wuel kaum am Alldag géife begéinen. Do sëtzt e Museksstudent, deen op en internationale Museksconcours wëllt fléien, an deem seng Zukunft dovunner ofhänkt. Do steet e Geschäftsmann mat enger dubiéiser Vergaangenheet. Niewent him sëtzt eng Botzfra, déi an engem Bordell schafft. Am Eck steet eng Fra, déi vu jidderengem fir eng “gro Maus”  gehale gëtt.

     

    Déi, an nach aner Leit géifen sech nimools begéine wann et net zu sou engem onerwaarten Tëschefall komm wier.

     

    Et stellt sech eraus, datt d’Loftgesellschaft, déi hinnen Tickete verkaaft huet, faillite gaangen ass. An duerfir flitt de Fliger net. Dat zwéngt d’Leit no enger Léisung ze sichen. Jidderee probéiert eleng, bis se op d’Iddi kommen de Fliger ze besetzen, an de Vol ze forcéieren.

     

    An deem Moment entdeckt all Eenzelen aner Säite vu sech selwer, déi d’Liewen an de Charakter vun den Helden op d’Prouf stellen.


© Copyright 2015 Rido-op asbl