Theaterclub Ettelbréck

  • Magësch Wierder

    “Magische Worte” vum Michael Stein,
    an d’Lëtzebuergëscht iwwersat vum Marthy Thull

    D’Giulia huet et net einfach a séngem Liewen. An der Schoul gëtt hatt als Streberin veruecht an ass net besonnesch beléift. Ëmmer rëm gëtt hatt vun enger Jugendgang drangsaléiert.

    Och doheem leeft net alles wéi et soll.

    D’Spillsucht vum Papp mécht d’Liewen vum Giulia a sénger Mamm zimlech schwéier.

    Hoffnung an Oflenkung fënd d’Giulia beim schreiwen vun Gedichter a klengen Geschichten, wou hat déi alldäglech Suergen vir e Moment vergiesse kann. Séng Frëndin Satkin steet him ëmmer zur Säit.

     

    Enges Dags entdeckt d’Giulia eng al Schreiwmaschinn an engem Antiquitéitebuttik op der hatt elo séng Gedichter an Geschichten schreiwt. Op emol geet dem Giulia alles an d’Rei, all séng Wënsch ginn him an Erfëllung.

    Mee, dem Giulia säi Gléck huet awer och Niewewierkungen…



© Copyright 2015 Rido-op asbl