Theaterclub Ettelbréck
  • Plakat Zemmer 13
  • Zëmmer 13

    e Stéck vum Michael Stein, iwersaat vum Frank Leonardy

     

    Zëmmer 13 ass d’Palliativzëmmer fir jonk Mënschen an enger Klinik.

    D’Tammy ass schonn méi lang Patientin am Zëmmer 13 an hatt wees genee, wat op hatt duer kënnt an versicht mat séngem Sarkasmus d’Situtioun un sech ofprallen ze loossen.

    Dann kënnt mam Chris eng nei “Matbewunnerin”. D’Chris geet dovunner aus, dass säin Openthalt an der Klinik just vun kuerzer Dauer ass. Weder séng Elteren, nach d’Dokteren hunn hatt iwwert säin Zoustand informéiert.
    No den ischten Schwieregkeeten, kommen déi zwee sech méi no a ginn Frënn, awer dann…

    Méi spéit gëtt d’Zoé déi nei “Matbewunnerin”. Mat sénger Hëllef gëtt d’Chris endlech gewuer wat wierklech mat him lass ass. Fir eppes Ofwiesselung an den groen Kliniksalldag suergt d’Emma, eng Frëndinn vum Chris, dat hatt besichen kënnt.

    D’Infirmière Susanne, déi “gutt Séil”, versicht ëmmer, d’Patientinnen bei Laun ze haalen. Mä och si stéisst un hier Grënzen.


© Copyright 2015 Rido-op asbl