Theaterclub Ettelbréck

November 2024


  • Plakat - Diner de cons

  • Et bleift an der Famill

    E Stéck vum Rolf Sperling,
    iwersaat an adaptéiert vum Joe Heintzen

     

    Zanter der Scheedung vu senger Fra Corinne wunnt de Philippe Besenius mat sengem Jong Tom aleng an hirer Wunneng. Haut gestinn déi zwee sech an, dass se zanter enger gewësser Zäit eng Bezéiung zu enger Fra hunn. Dem Philippe seng Iddi, sech haut nach mat de Partnerinnen ze treffen, fënnt net vill Zoustëmmung beim Tom, mee schlussendlech ass en awer d’Accord.

    Och d’Brigitte Wagener, wat zanter senger Scheedung vu sengem Mann Patrick aleng mat senger Duechter Sally wunnt, gesteet haut der Duechter, dass hatt net méi Single ass. Dat trëfft och op d’Sally zou.

    An esou gesi si sech all am Philippe senger Wunneng a musse feststellen, dass e puer Konstellatiounen an hire Bezéiungen nawell schwiereg sinn. Dëst kennt jo eigentlech zu engem flotten an amusanten Theaterowend féieren, wann net ee…


Dier wëllt wësse wat geschitt? Kommt laanscht a fannt et eraus, bei engem lëschtegen Zwee-Akter mat onerwaarten Iwwerraschungen.

Virun 35 Joer huet zu Ettelbréck eng Equipe vun engagéierte Leit decidéiert, dass een Theater spillen wëllt. An dat huet een och gemaach, Joer fir Joer.

De Rido Op freet sech och dëst Joer erëm drop, seng trei Supporteren, Famill, Frënn an och nei Gesiichter ze empfänken.


Oktober 2024


  • Gléck

    eng “Comédie” vum Eric Assous,
    fräi iwwersat vum René Engel

     

    Eng Relatioun ufänke mat déck iwwer 50 Joer ? Net ëmmer einfach…

    T’Louise an den Alexandre gesinn sech konfrontéiert mat hiren eegenen Definitiounen, vu Gléck an Zesummeliewen. Louise, eng Kannerbuch Autorin, ass celibataire, an huet keng Kanner. Den Alexandre, Besëtzer vun engem hippe Restaurant, ass matzen an enger Scheedung an huet 3 Kanner. Wéi kréie Sie hier eegen Erfarungen an Erliefnisser zesummen ënnert een Dag, fir eng glécklech Bezéiung zesummen hin ze kréien ? An hirem Alter, mat hirer Liewenserfarung ? Mëscht eng gewësse Reifheet se méi tolerant oder méi exigent ? As t’Liewenserfarung eng Beräicherung, oder éischter een Hindernis ? Léift a liewen zu zwee, eng Rechnung déi mam Alter net ëmmer méi einfach gëtt.

    Pointéiert Dialoger voll mat béisem Witz, voller Aktioun an trotzdeem psychologesch déifgrënneg, weist dëst zäitloost an zugläich modernt Stéck de Konschtcharakter vum Theater, wiesselt permanent tëscht Eescht a Banalitéit.

Oder kann een se arrangéiere wéi ee Kachrezept ?

– Al Gewunnechte propper ausernee schielen, ouni seng Onofhängegkeet ze verléieren.
– E bësse Begeeschterung mat bei mëschen
– Eng kleng Portioun « Ech weess net wat ech wëll, mee ech si mer sécher wat ech net wëll » mat ënnermëschen.
– Eng Fangerspëtz Angscht virum Zesummeliewen an der Koppel bäifügen.
– Liicht puddere mat « Angscht fir eleng do ze stoen zum Schluss »
– Dat Ganzt liicht réieren, douce goe loossen, datt alles sech zesumme bënnt, ouni ze verbrennen.
– Zooss dofir mat enger Portioun Versteesdemech opréieren, ouni se ze vill mat eegen Undeeler ze verwässeren.
– Konzessioune mat bäimëschen.
– Fir déi wou et méi gehäerzt wëllen, zum Schluss nach e puer Zesten Ex-Fra a Liibhaber fir een Owend doriwwer garnéieren.
– Dat Ganzt erhëtze bis zum kachen, ouni dass et iwwerleeft.
– Direkt mat gudder Temperatur genéissen.

Gudden Appetit !


  • Mir spillen :


    Donnesdes, 17. Oktober 24, 20:00 Auer

    Freides, 18. Oktober 24, 20:00 Auer



  • Wou :


    am Hennesbau
    zu Feulen



  • Reservatiounen :


    iwer telefon/SMS: +352 691 849 398


November 2023


  • Dem Pol seng Schlësselen

    E Kaméidi-Stéck an 2 Akten vum François Scharre

    An d’Lëtzebuergëscht iwwersat an adaptéiert vum Noémie Leer

     

    Am Fong wollt d’Sophie just nëmme schnell mol eng Wunneng ausraumen. Et stellt sech awer eraus, dass d’Wunneng dem Pol, engem jonke Medezin-Student gehéiert, dee Jänni a Männi säi Schlëssel iwwerlooss huet.
    Natierlech dauchen déi alleguerte genau zu deem onglécklechen Zäitpunkt op an et kënnt zu enger Hellewull Mëssverständnesser, Ligegeschichten a Verwiesslunge bis dat d’Sophie den Duerchbléck verluer huet, an sou den Zuschauer mat op eng lëschteg a spannend Aventure hëlt, wou nawell d’Laachmuskelen uerg strapazéiert ginn.
    Muss dee Pol dann och jidderengem e Schlëssel ginn? Et hätt sou einfach kënne si fir eist Sophie.

 


Oktober 2023


Fir de gudde Zweck

Nieft dem Theater spillen an den geleegentlechen Ausflich, déi mir zesummen als Veräin ënnerhuelen, maachen mir och all Joer een Don (oder zwee Don’en) un Associatiounen déi virun allem eppes am sozialen Beräich maachen.
Des Kéier hu mir eng Kéier d’ASBL Île aux Clowns an d’ASBL Wonschkutsch erausgesicht.
Béid ASBL’en hunn et sech zum Zil gemaach Menschen, deenen et net gutt geet, eng Freed ze maachen an hinnen ee Laachen ze schenken.
Mir sinn als Veräin immens dankbar dass et esou Associatiounen zu Lëtzebuerg gëtt an wollten hier Aarbecht mat eisen Don’en ënnerstëtzen.


September 2023


Reportage iwwert de Rido Op

Source: de Reider

 

D’Gemeng Ettelbréck huet ee flotten Reportage iwwert d’Theaterkultur zu Ettelbréck realiséiert! Do duerften mir als laangjäregen lokalen Theaterveräin natierlech net feelen! Wärend eiser Theatersaison am Hierscht 2022/23 huet den concernéierten Service vun der Gemeng eis doropshin bei eisen Preparatiounen an Virstellungsowender begleet an dobäi mat eisem Grënnungsmember an laangjärege Präsident vum Veräin, dem Gast Werner, iwwert d’Entstoen an d’Entwécklung vun eisem Veräin geschwat.
Ee grousse Merci der Gemeng fir des Initiative an déi Visibilitéit déi mir doduerch als Veräin kréien!

 


Eis vergaangen Opféiherungen an Evenementer


© Copyright 2015 Rido-op asbl